Déi Leit, déi Ouschterméindeg eng Bestellung ofgin hun,
kréien bannend 48 Stonnen eng Réckmeldung per Mail.
D’ Corina
Als Modell vum Joer 2020 vun der Ligue HMC realiséiert, gëtt d’ Corina fir de gudden Zweck verkaf, 5€ dovun ginn un Fondatioun Covid-19. Et ass ee Virbild fir eis all: schützt iech a bleift doheem. (ausverkaf)
Den Usch
Aus echtem Nouspelter Leem gouf hien um Tour vum Usch Biver forméiert, an den 3 Faarwen –roud, blo, gréng glaséiert an zum Schluss gouf hien mat Sterillium komplett desinfizéiert. (ausverkaf)
De Spero
Spero heescht op italienesch “Hoffnung”, fir zesummen des Zäit ze meeschteren. Hien gouf vum Marcy Biver an enger begrenzter Stéckzuel realiséiert a mat vill Léift zum Detail kreéiert. (ausverkaf)
De Schrovillchen
Als 2ten an der Serie, steet hien dem Vullejhemp beschtens zur Säit. Kreéiert gouf en vum Marc Einsweiler a mat sengen 5 rouden Hoer ass en originell am LUXI-Gel Dëppchen ze kréien. (ausverkaf)