Emaischen
zu Nouspelt 04/04 & 05/04 & 06/04
Deeg
Stonnen
Minuten
Sekonnen

🐥Guillaume🐥

De Guillaume a seng Kolleege ginn et a ville Faarwen an dat mat Lëtz make it happen-Symbol oder ouni 🇱🇺 dëse glécklechen a frëndleche Péckvillchen huet de Schniewel liicht op an trällert dobäi ee lëschtegt Lidd 🎶 de Guillaume gouf vum Herman mat dräi Téin kreéiert 😎
De Péckvillche kritt ee fir 25 € bzw. 30 € an dat op Ouschterméinde vun 10:00 Auer un. Reservatiounen a Virbestellunge sinn net méiglech!

🐥De Schwaarz-Schniewelchen🐥

Dëse Péckvillchen ass eng Hommage un d’Natur 🍃 d’Jeanne huet dëse Villchen ouni Form mat ganz vill Léift zu Nouspelt gekniwwelt an op der Hand glaséiert 🫶
De Péckvillche kascht 25,00 € a gëtt et a ville verschiddene Faarwen. De Villche kritt een op Ouschterméinde vun 10:00 Auer un zu Nouspelt. Virbestellungen a Reservatioune sinn net méiglech!

🐥De Lëtzebuerger🐥

Ee Lëtzebuerger Péckvillche wollt an d’USA reese fir do een Deal aus ze handelen 🤝 zeréck ass en awer just mat vill Souvenire komm 🧢 d’Villercher goufe vum Georges a ville Formen a Faarwen erstallt a sinn all Unikater, déi mat Blatgold verschéinert goufen 🏅
De Péckvillche kascht 30 Euro a gëtt et op Ouschterméinden zu Nouspelt op der Emaischen vun 10:00 Auer un ze kafen. Virbestellungen a Reservatioune sinn net méiglech!

Ist möglicherweise ein Bild von Serviettenring, Geschirr-/Handtuch und Text „ктвочту“Ist möglicherweise ein Bild von Papageientaucher und Geschirr-/Handtuch

🐥Ouschterméinden🐥

Op Ouschterméinden, de 6. Abrëll, ass déi traditionell Emaischen an de Stroosse vun Nouspelt 🐥 Komm bis laanscht ee Péckvillchen an aner Äerdewuere bewonneren, ee Pättchen drénken an eppes Leckeres iessen 🍻An dat och nach bei engem volle Programm bei deem fir jiddereen eppes dobäi ass 🥳

Ist möglicherweise eine Grafik von Musikinstrument und Text „am Zelt 11:30 14:00 Concert Apéritif vun der „Foulschter Musik" MUSEK STẼMMUNG 15:00 Simply2 Georges Christen 15:30 Simply 2 16:30 Georges Christen 17:00 Simply 2 op der Haaptplaatz 10:30 14:00 Warm-up mam „Dj Relo" Sandy Botsch 17:00 Gutt Ambiance mam „Dj Relo" an de Strossen GeorgesChristen Georges Christen ·Kespelter Strëpp Collectif Dadofonic (Ligue HMC) •Stelzengänger Ouschterhues •Loftballon-Kënschtler fir d'Kanner De ganzen Dag iwwer Demonstratioune vun den enAulebäckeran σπ Optrétterv verschiddenen Artisten. Sprangschlässer •Face-Painting Pimp my Péckvillchen Porte PorteOuverte Ouverte Aulebäckermusée an Ausgriewermusée zu Nouspelt www.emaischen.lu“

🥳 Ouschtersonnden🥳

Um 2. Dag vun der Nouspelter Emaischen, Sonndes de 5. Abrëll, suergen d’Abrisshelden by Kontrollverlust fir déi richteg Stëmmung am Zelt 🥳 Dem Ticket kascht am Virverkaf 15 € an an der Oweskeess 17 €. D’Tickete ginn et bei eise Memberen.

Ist möglicherweise ein Doodle von ‎Gitarre und ‎Text „‎ABR ABRISS جن HELDEN powered by م A KONTROLLVERLUST KONTROLL NTROLLVERLUST VERLUST‎“‎‎

 

🥳Ouschtersamsten🥳

Komm och du de 4. Abrëll op Nouspelt a feier mat de Providers den 1. Owend vun der 70. Editioun vun der Nouspelter Emaischen 🥳 den Ticket kascht am Virverkaf 15 € an an der Oweskeess 17 €. D’Tickete ginn et bei eise Memberen.

Ist möglicherweise ein Bild von Beleuchtung und Violine

Foto: providersCoverband.lu

🐥Pinocchio🐥

De Pinocchio gouf ganz traditionell vum Usch um Tour gedréint 🤥 Mat senger markanter laanger Nues an aus echtem Nouspelter Leem ass dëse Péckvillchen eenzegaarteg 🧱 Den Aulebäcker Usch huet 200 Stéck a verschiddene Faarwe gemaach 😍
De Pinocchio kascht 30 Euro. D’Modeller kann een net reservéieren a kritt ee just op Ouschterméinden zu Nouspelt op der Emaischen vun 10:00 Auer un ze kafen.

🐥Tico🐥

Dëse Péckvillche soll fir vill Liewensfreed stoen an dat ganzt ënnert dem Motto “Pura Vita” 🍀 Pura Vita ass spuenesch a steet dofir och déi kleng Saachen am alldeegleche Liewen ze genéissen 🌞 Den Tico gouf vum Marcy fir dëst Joer kreéiert an et gëtt dësen häerzleche Péckvillchen a ville verschiddene Faarwen a Gréissten 🥰
Den Tico kascht 35 Euro. D’Modeller kann een net reservéieren a kritt ee just op Ouschterméinden zu Nouspelt op der Emaischen vun 10:00 Auer un ze kafen.

Keine Fotobeschreibung verfügbar.Ist möglicherweise ein Bild von Vogel und Vergissmeinnicht

Ouschterméinden am Zelt

Dir wësst nach net, ob dir op Ouschterméinde kachen oder bestelle sollt? 🥘 Wéi wier et da mat engem leckere Menü vum Traiteur Niessen zu Nouspelt am groussen Zelt bei beschter Ambiance! 🍝 Maacht iech also séier bäi a reservéiert elo schonn är Menuen, fir dass dir dësen op Ouschterméinde genéisse kënnt 😋

Ist möglicherweise eine Grafik von Text „Mé 06/04 MENU Den Menu gëtt Ouschterméindeg Mëttes tëscht 12H00 an 13H00 am groussen Festzelt zerwéiert an soll am Viraus bestallt gin. Judd mat Gaardebounen 25€ Paschtéit, Räis π Zalot 25€ Vegetaresch Lasagne 25€ Kannermenu: Paschtéit 20€ Bestellen kann een iwwer Telefon 691 86 81 41 oder per Mail menu@emaischen.lu“Ist möglicherweise eine Grafik von Text „NIESSEN BOUCHERIE BOUCHERIETRAITEUR & TRAITEUR“

De Stärekucker

Dëse verdreemte Péckvillchen huet de Kapp an d’Luucht gestréckt fir sech d’Stären iwwert him méi genee kënnen unzekucken ✨ Dobäi dreemt de Villche vun all deene Saachen, déi hie glécklech maachen 💫

D’Nathalie huet sech um klenge Prënz inspiréiere gelooss fir dëse Péckvillchen ze kreéieren 👑

De Stärekucker kascht 25 Euro. D’Modeller kann een net reservéieren a kritt ee just op Ouschterméinden zu Nouspelt op der Emaischen vun 10:00 Auer un ze kafen.

Tickete fir déi 70. Emaischen

Tickete fir déi 70. Emaischen ginn et wéi gewinnt bei eise Memberen, op Facebook an op Instagram 🎫

Et kann een en Ticket fir Samschdes oder fir Sonndes kafen 🐣 Déi kaschte jeeweils 15 € pro Owend an ee Kombi-Ticket fir déi zwee Owend gëtt et net.

D’Oweskeess ass dëst Joer pro Owend 17 €.

Mir freeën eis op iech 💚

Ist möglicherweise ein Bild von Text

Recent Comments
    Archives
    Categories
    • No categories
    Recent Comments
      Archives
      Categories
      • No categories