D´ Frida
Dëse Péckvillche gouf vun der Ligue HMC vu Capellen am Kader vun der Emaischen 2022 gemaach. No deene leschten zwee Joer mam Corina a Vaccino, zwee Modeller déi sech op d’Coronapandemie bezunn hunn, präsentéiere mir dëst Joer ee Péckvillchen dee fir de Fridden an der Welt steet. Grad an dësen Zäiten ass et wichteg een Zeeche fir de Fridden ze setzen. D’Frida kritt een a villen ënnerschiddleche Faarwe fir 15 Euro.
Dubai 20
Dëst ass de Péckvillche vun eisem albekannten Aulebäcker Usch. Wéi de Numm et scho seet, gouf dëse Villchen am Zesummenhang mat der Weltausstellung zu Dubai gemaach. Den Usch huet de Prototyp vum „Dubai20“ mat Nouspelter Leem um Tour am lëtzebuergesche Pavillon realiséiert . Vum Péckvillche ginn et 200x Modeller an deene selwechte Faarwen a kascht 30 Euro.
De Filo
Dëse klenge Péckvillchen, kreéiert vum Marcy, mécht sengem Numm all Éieren. Nämlech leed de Numm sech vum griichesche Filomeno of an dat heescht sou vill wéi gutthäerzegen a staarke Frënd. Mat dësem Péckvillchen ass een also net eleng. De Filo gëtt et a verschiddene Faarwe fir 30 Euro.
De Flumi
Dem Jeanne säi Péckvillche vun dësem Joer gläicht engem Villchen. Fir d’éischt hat d’Jeanne d’Iddi ee Péckvillchen aus wäissem Leem ze maachen, well et awer net méiglech war, déi dann exakt genuch ze glaséieren ass séier d’Iddi opkomm ee Péckvillchen aus schwaarzem Leem ze maachen. De schwaarze Péckvillche mat senge schéine faarwegen Detailer kritt ee fir 25 Euro.
Pompjee Sam
Dëse Péckvillchen, realiséiert vum Marc, gehéiert zu enger neier Serie. Domat ass d’Rei vum Vullejemp ofgeschloss. Déi néi Iddi vum Marc dréit sech em eis Alldag-Helden an den Ufank maachen d’Pompjeeën De Sam ass ekipéiert mat Helm a Schlauch a sou fir all Noutfall gerëscht. De Péckvillchen-Pompjee geet et a klenger limitéierter Stéckzuel a kascht 50 Euro.
Geiben G.
Eis lescht Präsentatioun vun Nouspelter Péckvillercher mécht de Georges Geiben. Hien huet dëst Joer dräi verschidde Modeller kreéiert: ee Péckvillche mat enger Mask aus Stoff, ee Péckvillche mat Mask a Sprëtz an ee Péckvillchen an de Faarwe vun der Ukrain All Modelle kascht 30€ an déi jeeweileg Modeller sinn och limitéiert.