Den Emi
Den Emi ass een traditionelle Péckvillche gemaach vun der Ligue HMC
dowéinst och säin Numm, dëse léist sech nämlech vun Emaischen ofleeden
dëse kléngen a rénge Villche gëtt et a ville verschiddene Faarwen
e setzt do wéi wann e prett wier fir e puer Kären ze picken
Dem Emi säi Präis läit bei 15 Euro
![]()
Famill Kräizi & den Emil
Déi zwee Péckvillercher op der éischter Foto droen de Familljennumm Kräizi si si mat vill Gefill, Léift an Humor vun Hand geformt ginn an esou huet all Exemplaire säin eegene Klang, Charakter a Charme
si goufe mat engem mëlle Schwamp, kräftege Faarwen, engem Glasur-Genéiss-Bad an enger schnuckeleg waarmer Bestralung bis zu 1200°C verwinnt
De Péckvillchen op deenen aneren zwou Fotoen ass den Emil
hie wunnt schonn éiweg um Kräizbierg a verkierpert e Stéck vun der Lëtzebuerger Geschicht an Traditioun
Als Grënner vun der ARBED liwwert hien natierlech „stolen“ Ënnerstëtzung
Hien krut eng Fluchhëllef, gefäerdegt aus Holz vun ale Miwwelen a Speechele vu Vëloen a Rollstill, déi optimal un hien ugepasst gouf
Domat verkierperen hien Industrie an Handwierkskonscht am Bauhaus-Stil
Dës Modeller si kreéiert a geschaaft gi vun de Mataarbechter aus dem Atelier Poterie vum Kräizbierg
Kräizi: 40 Euro
Emil: 45 Euro
Blo Blimchen
Dëse Péckvillchen ass aus echtem Nouspelter Leem a vum Usch um Tour gedréint. Dowéinst dréit och dëse Péckvillchen deen eenzegaartegen „Echt Nouspelt“-Stempel, dee sos keen aneren dréit Den Usch huet sech fir déi blo Blimmchen entscheet, well blo seng Liblingsfaarf ass
De Villche besteet aus 4 Deeler: eng déck Boule fir de Bauch, eng kleng Boule fir de Kapp, enger Scheif op där de Villche steet an de Schniewel ass aus der Päif gemaach
D’Blo Blimmche kascht 30 Euro
De Gibsy
De Gibsy gëtt et a ville verschiddene Faarwen a mat verschiddene Motiver Wéi een op der Foto erkennt steet säin Numm fir seng Motiver: Léift a Blummen
Déi representéieren de Liewensstil an d’Fräiheete vun den Hippien
Dëse Péckvillchen ass dem Marcy Biver säi Wierk
An de Präis läit bei 30 Euro
De Sleepy
De Sleepy ass ee ganz midde Péckvillchen Hien hält gären säi Schéinheetsschlof an dofir gëtt et dëse Péckvillchen a ville verschiddene Faarwen
De Sleepy ass entstanen duerch dem Jeanne Diener seng Hänn
De Präis vun dësem Villche läit bei 25 Euro
De roud Schwänzchen
Dëse Péckvillchen ass realiséiert gi vum Syndicat d’Initiativ de Nospelt heescht hei gouf all Mëttwoch am Atelier zu Nouspelt am Leem geschafft
DatDëse Péckvillchen ass realiséiert gi vum Syndicat d’Initiativ de Nospelt
Dat heescht hei gouf all Mëttwoch am Atelier zu Nouspelt am Leem geschafft
D’Motiv vun der Blumm ass déi traditionell Blimmche vun „Letz make it happen“
Dëse Péckvillche kascht 25 Euro
De Bauer Leo
Dëse Péckvillchen, realiséiert vum Marc, gehéiert zu enger neier Serie. Déi néi Iddi vum Marc dréit sech em eis Alldag-Helden. De Péckvillchen-Bauer geet et a klenger limitéierter Stéckzuel a kascht 50 Euro.
Friddens-péckvillchen
De Friddenspéckvillche gouf kreéiert vum Georges Geiben an et kritt een dëse Villchen a ville verschiddene Faarwen a Gréissten Lescht Joer ass esou een änleche Villchen extra fir d’Ukrain entstanen, dëst Joer representéiert de Villche Fridden op der ganzer Welt
De Strauch deen dëse Modell am Mond dréit kann och ganz einfach ausgetosch ginn
De Präis vum Friddenspéckvillche läit bei 30 Euro